I Wou d'Uelzécht durech d'Wisen zéit, Duerch d'Fielsen d'Sauer brécht, Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit, Den Himmel Wäin ons mécht: Dat ass onst Land, fir dat mir géif Heinidden alles wo'n, 𝄆 Onst Hemechtsland dat mir so déif An onsen Hierzer dro'n.𝄇 II An sengem donkle Bëscherkranz, Vum Fridde stëll bewaacht, Sou ouni Pronk an deire Glanz Gemittlech léif et laacht; Säi Vollek frou sech soë kann, An 't si keng eidel Dreem: 𝄆 Wéi wunnt et sech sou heemlech dran, Wéi as 't sou gutt doheem!𝄇 III Gesank, Gesank vu Bierg an Dall Der Äärd, déi äis gedron; D'Léift huet en treie Widderhall A jidder Broscht gedon; Fir, d'Hemecht ass keng Weis ze schéin; All Wuert, dat vun er klénkt, 𝄆 Gräift äis an d' Séil wéi Himmelstéin An d'A wéi Feier blénkt.𝄇 IV O Du do uewen, deem seng Hand Duerch d'Welt d'Natioune leet, Behitt du d'Lëtzebuerger Land Vru friemem Joch a Leed; Du hues ons all als Kanner schon De fräie Geescht jo ginn, 𝄆 Looss viru blénken d'Fräiheetssonn, Déi mir so laang gesinn!𝄇 | I Waar de Alzette door de weiden trekt, Door de rotsen de Sûre breekt, Waar de wijngaard langs de Moezel geurig bloeit, De hemel ons wijn geeft: Dat is ons land, waarvoor wij alles Ter aarde zouden wagen, 𝄆Ons thuisland, dat wij zo diep in onze harten dragen.𝄇 IV O jij daarboven, waarvan zijn hand Door de wereld de naties leidt, Bescherm jij het Luxemburgse land Van vreemde onderdrukking en leed; Jij hebt ons allen al als kinderen De vrije geest wel gegeven, 𝄆Laat voort schitteren de vrijheidszon, Die wij zo lang zagen!𝄇 |